Monats-Archive: November 2016

Mat schwéierem Häerz deele mir den Doud mat vun Mathias Clemens

Den Mathias Clemens genannt ”DETZ” huet seng eescht Fussballizenz fir den CSG den 27.11.1957 bei der FLF gemach.

Duerno huet heen beim CSG an den Scolaires-, Cadets- an Juniorsekippen gespillt. An der Saison 1958/1959 ass heen matt der Scolairesekipp “Champion de Luxembourg” gin.

An der Saison 1963/1964 ass heen als jonken Spiller an den Kader vun der 1ter Ekipp komm. Hee guff kurz duerno  Stammspiller a Kapitän an daat bis an Saison 1978/1979.

Noo 2 Meisterschaften als Spiller zu Flousweiler ass heen erem zerek op Greiwemacher komm an huet nach lang Jahren 2. Ekipp an Häremannschaft gespillt.

Vun 1986 un war heen eng dozend Jahren Kaissier vun der Jugendkommissioun an Trainer vun verschiddenen Jugendekippen.

2003 an 2004 war heen Präsident vum Supprterklub, an 2004 bis 2015 war heen Kaissier vum CSG.

Hei war all seng Zait beim CSG e leidenschaftlechen Spiller, a genau soo war heen an sengen aneren Fonktiounen an Verain.

Merci Detz vun iis alleguer fir dein Engagement fir dein CSG.

 

1974-1975
Kapitän Detz Clemens (2. von rechts oben)

 

detz-2010
Detz 2010